Andy Bausch

Andy Bausch
am Joer 2006
Gebuer 12. Abrëll 1959
Diddeleng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Schauspiller

Den Andy Bausch, gebuer den 12. Abrëll 1959 zu Diddeleng, ass e lëtzebuergesche Filmregisseur an Dréibuchauteur.[1]

Hien ass deen éischte Lëtzebuerger Regisseur, deen och international Succès hat.[1] Zënterhier huet hie vill Filmer gedréint, dorënner eng ganz Rei Documentairen zu Lëtzebuerger Theemen. Zu senge bekanntste Spillfilmer gehéieren Troublemaker (1989), Le club des chômeurs (2003) a Rusty Boys (2017).

Bis zu sengem Doud huet de Schauspiller Thierry van Werveke (1958-2009) a bal all dem Andy Bausch senge fiktive Wierker matgespillt.

  1. 1,0 1,1 Biographie op der Websäit vum Filmfong

© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search